![]() |
|
|||||||||
![]() ![]() ![]()
|
PIWA
1.Stack op N°2 an der Bouneweger Strooss, um Eck vun der aler Avenue (beim Schwall) Wat heescht eigentlech PIWA? Ma dat sin déi éischt Buschtawen vu Pierre Wagner, an dat as de Numm vun deem Mann,deen d'Firma 1949 gegrënnt huet. De Wagnesch Pier war selwer Dirigent vun enger Parti Museken an huet e Geschäft opgemaach, fir Instrumenter a Nouten fir Harmonie a Fanfare ze verkafen. Dat war um 1.Stack op N°2 an der Bouneweger Strooss, um Eck vun der aler Avenue (beim Schwall). Mëtt der 60-er Joren huet d'Famill Wagner e Puer Ecke méi wäit e Wunn- a Geschäftshaus gebaut, an de Betrib as op N° 19 rue des Trévires geplënnert. Enn 1968 as de Wagnesch Pier ganz onerwaart gestuerwen an et huet stënterlech missen eng Léisung font gin fir de Betrib virunzeféieren. D'Madame Wagner huet an hirer Nout den Yvon Christnach gefrot, den déi Zäit Secrétaire vun der CISPM an der UGDA war. Hien huet de Betrib kaf fir säi Jong Claude, den dunn am Alter vun nëmmen 18 Joer d'Directioun iwwerholl huet. D'Firma as lues a lues gewuess an konnt eng éischte Kéier vergréissert gin, wéi duerch Zoufall d'Nopeschhaus ze kafe war. Och nom onerwaarten Doud vum Yvon Christnach 1982 as de Betrib bis haut an den Hänn vun der Famill bliwwen. Mee Ufank den 80-er Joeren gouf et awer och kloer, datt nach eng Kéier misst vergréissert gin. Mir hun et gemaach wéi onse Viirgänger an 3 Stroosse méi wäit e Wunn- a Geschäftshaus gebaut. 1985 konnte mer an onst neit Gebei an der rue Blochausen plënneren. WOLF
7-8, rue Clairefontaine (Schoulbierg)
Hie war Geiebauer an huet a sengem Geschäft Instrumenter a Noute verkaf.
![]() Jiddereen den nach am ale "Quatsch" war, erënnert sech nach, wéi en iwwer de knubbelege Pawee an de Schoulbierg säin "imposé" bestelle gaang as. Mee d'Stat an d'Leit hu sech verännert, de "Quatsch" as op Märel geplënnert, de "Wollef" krut de Bail net méi verlängert an huet missen op de Knuedler bei de Fiische plënneren. Domat war "déi gutt, al Zäit" eriwwer. Et as ëmmer méi kloer gin, datt Musek Wolf op däer Plaz a mat däer Struktur keng Zukunft hätt. Wéi d'Geléenheet koum fir d'Nopeschhaus vum Piwa ze kafen, war d'Décisioun séier gefall. Mir konnten alles op enger Plaz, an onsen egene véier Maueren, beienee léen an ons organiséiere wéi mer wollten: 1995 as Musek Wollef niewent de Piwa op 37, rue B. geplënnert.
|
|||||||||
© 2006 Piwa sàrl L-1243 Luxembourg |
||||||||||